Gassendi (Moundkrater) | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | -17,5° S |
Längt | -39,98° W |
Duerchmiesser | 109,58 km |
Déift | 1,9 km |
Selenographesch Längt | 40° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Pierre Gassendi (1592–1655) |
Krut säin Numm am Joer | 1935 |
De Gassendi ass e grousse Moundkrater am südwestleche Quadrant vum Äerdmound. D'Ramplisfläch huet en Duerchmiesser vu ronn 110 km an ass duerch vill Hiwwel a Moundrille souwéi e puer héich Zentralbierger charakteriséiert. Hie läit um Westrand vum liicht gewelltene Mare Nubium an direkt nërdlech vum Mare Humorum.
De Kraterrand ass staark erodéiert]] an am Norde duerch de jonke Krater Gassendi A ënnerbrach. De Gassendi a seng Zentralbierger sinn am sträifende Liicht – ongeféier 3 Deeg no der Hallefmoundphas – ze gesinn. E villfältegen Objet, dee scho mat engem klengen Teleskop (Véier- bis Aachtzöller) ze fannen ass.
© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search